This is a photo from one of our walks!
Home Blog Committee Events Join Photos Equipment Contact Links

Luxembourgish introduction

Breakaway – Déi wichtigst Informatiounen

(Lëtzebuergisch (Éisleker) Versioun)
flag

Breakaway ass den Wanderclub vun der St Andrews Uni. Mer organiséieren Wanderungen a verschiddenen Schwierigkeetsgraden fir jidfereen, meeschtens all zweet Woch.


Daagesäusflig

D’Wanderungen vun engem Daag daueren dee ganzen Daag, dat heescht et geet Moies fréi sou géint 7:30 fort, a mer kommen Owes géint 8 Auer rem zréck op St Andrews. D’Wanderungen kommen emmer an engem Pub un, dat heescht et ass eng gudd Iddi fir bëssen Suen mat ze bréngen, am Fall wou en Honger oder Duuscht krëtt.

Daagesäusflig kaschten 10 Pond.


Äusflig fir e Weekend

Fir déi Äusflig, déi e ganze Weekend daueren, gi mer meeschtens op Plaatzen, déi bëssen méi wäit wech sen, wéi zum Beispill d’Insel vu Skye, oder den Lake District an England.

Mer suergen fir d’Iwwernuechtung, den Transport, an d’Owesiessen. E Schloofsaack bräuchs de normalerweis nik, well mer meeschtens an Jugendherbergen iwwernoachten. Du bräuchs déi normal Wander-Äusrüstung, genou ze frupsen an eben och genou Kleeder fir de Weekend.
Fir d’Weekend Äusflig fueren mer normalerweis Freides um 17:00 fort, a mer kommen Sonndes oder Méindes Owes zréck.

D’Weekend Äusflig kaschten tëschend 30 a 50 Pond.


Äusrüstung

Du bräuchs gutt Wanderschung, eng waasserdicht Jackett (an am beschten och eng wasserdicht Box), eppes z’eessen an ze drenken. Déi genau Lëscht vun Äusrüstung fënns de hei, op englisch.


Umeldung

D’Umeldung fir all d’Touren ass emmer Mëttwochs teschend 12 :45 an 13:15 am Mansfield Gebai. Heibäi gëllt, ween fir d’éischt do ass, krëtt fir d’éischt eng Platz. Den Datum fir d’Umeldungen fënns de hei op der Homepage, an mer schécken och kurz virdrun en E-Mail räus fir d’Lekt drun z’erënneren. Wanns de nach nik op eiser Mailing Lëscht bass, kanns de dich hei aschreiwen : Aschreiwung op d’E-Mail Lëscht
Bei der Umeldung am Mansfield krëss de och eppes z’iessen fir nëmmen 1 Pond !

Fir op en Äusflug matzegoen muss de Member vu Breakaway sen, dat kascht 6 Pond fir engt ganzt Joer. Wanns de nik selwer kanns kommen fir dich unzemellen, muss de e Kolleg schécken deen nik selwer matgeet, well mer nemmen eng Platz pro Persoun déi op d’Umeldung kënnt vergin.

Wanns de ugemellt bass, mee leider nik matgoen kanns aus irgend engem Grond, so äis sou séier wéi Méiglich Bescheed. Mer kënnen der nëmmen deng Suen zréck gin, wann een Aanneren deng Platz anhuele kann.


Oofgesinn vun Trëppeltouren…

… organiséieren mer och aaner Evenementer :
Mer sën all Dasdig Owend no 9 Auer am The Whey Pat, e flotten Pub! Jidfereen ass wëllkomm, et ass eng gutt Méiglichkeet Lekt kenenn ze léieren, déi’s de soss nëmmen an der Reenjackett gesäis. Du kanns hei natirlich och all deng Froen zu Breakaway oder zu Wanderen am Allgemengen stellen.

Detailer zu aaneren Aktivitéiten, wéi zum Beispill Bowling spillen, Ski fueren, Grillen um Strand, etc fënns de hei op der Homepage.


Wanns du nach Froen hoss, zëck nik fir äis ze kontaktéieren

Kanns du dës Säit an eng aaner Sprooch iwwersetzen ? Dann kontaktéier äis.

 

~Translated by Joé Schaul~

One page intros

Britain

France

Germany

Spain

Italy

Luxembourg

Sweden

Israel

Dutch

Poland

Czech Republic

Iceland

Scotland

Yorkshire

Please review our Code of Practise, and our Disclaimer before you attend or sign up for any of our events.
All content belongs to Breakaway. This website was designed and built by Patrick Sanderson.
It was maintained and updated by Joé Schaul, Ian Rathkey, Ross Bremner and currently Ben Kenny.
Breakaway is a registered charity in Scotland, Scottish Charity number SCO19883.
html | css | website details